De 25te September war Léierplazendag

Den Dënschdeg, 25. September war Léierplazendag op RTL a mir hunn déi Jonk an d'Patronen zesummenbruecht! Hei kritt Dir nach eng Kéier den Iwwerbléck vun den Annoncen.




  • Jobdag + Léierplazendag

    25.09.2018, 17:10

    Haut ass déi 23. Editioun vum RTL Jobdag an d'Kollegen am Belval Plaza wënsche sech bestëmmt näischt méi, wéi dass ganz vill Patronen zefridden Heem ginn, an e Koup villverspriechend CV'en gesammelt hunn.

  • Jobdag + Léierplazendag

    25.09.2018, 16:10

    Bis 18h00 fonctionnéiert den RTL Jobcenter nach am Belval Plaza. T'ass hei, wou der d'Schaff vum Liewen fanne kënnt, virausgesat dir sidd de richtege Moment op der richteger Plaz an t'schnaapt net ee se vrun Iech ewech.

  • Jobdag + Léierplazendag

    25.09.2018, 15:10

    Eng gutt Aarbecht ze fannen ass net sou liicht gemaach wéi gesot. Et muss op deenen zwou Säiten passen. Awer un der Offer kann et definitiv net hänken well de Moment fënnt een op jobdag.lu ronn 800 Offeren an dann nach emol 100 Stänn am Belval Plaza wou een sech austausche kann fir méi iwwer dës fräi Plazen gewuer ze ginn.

  • Jobdag + Léierplazendag

    25.09.2018, 14:15

    Ronn 800 Plazen fann der vun haut un op jobdag.lu. Schéin propper ennerdeelt an d'Beräicher Artisanat, Bâtiment & Construction, Commerce, Finanzen, Horesca, Industrie, Intérim, IT, Nettoyage, Santé a Services. An um Belval Plaza sinn nach bis 18h00 ronn 100 Stänn déi och no dynamesche Mataarbechter sichen.

  • Jobdag

    25.09.2018, 13:10

    Fräizäit a Congé ass eng Säit vum Liewen. Eng flott Aarbecht déi engem d'Liewen finanzéiert an un där e Spaass a Satisfaktioun huet eng aner.  Op rtl.lu hu mer déi lescht Wochen méi wéi 800 Plazen gesammelt an hei um Radio stelle mer Iech der all Stonn e puer vir.

  • Jobdag + Léierplazendag

    25.09.2018, 11:10

    Haut ass sou en Dag deen äert Liewen verännere kann. Op d'mannst kennen hei d'Weichen geluet ginn a wéi eng Richtung et goe kann. Well wann der haut eng Plaz fannt déi Iech zouseet, an un déi der am Dram net geduecht hätt, kann dat äert ganzt Beruffsliewen beaflossen.

  • Jobdag + Léierplazendag: Service Techniker

    25.09.2018, 10:10

    Eng Léierplaz fannen, dat ass ëm dës Zäit guer net méi esou einfach. Well iwwer de Summer si scho vill Plaze besat ginn. A bis den 31ten Oktober mussen zukünfteg Léierbouwen- a Meedercher e Patron fonnt hunn. Dofir paken d'Raphaëlle an de Patrick haut um Job a Léierplazendag eng Hand mat un.

  • Jobdag + Léierplazendag: Wodalux Techniker, Merbag SA

    25.09.2018, 09:15

    Am Wanter, Fréijoer an am Hierscht organiséiert RTL zesummen mat senge Partner en Jobdag. Zanter enger gudder Stonn si se am Belval Plaza II schon fleisseg am gangen CV'en ze verdeelen an entgéint ze huelen, je nodeem op wéi enger Säit vum Stand ee steet.

  • Jobdag + Léierplazendag: DuPont de Nemours, Horlogerie Goeres

    25.09.2018, 08:40

    Am Belval Plaza gëtt haut mat Sécherheet keng roueg Klatz gedréit. Hei leeft bis den Owend 18h00 eng nei Editioun vum RTL Jobdag, deen dëss Kéier och nees mat engem Léierplazendag gekoppelt ass. An d'Zeechen stinn net schlecht dass een haut d'Plaz vum Liewen erwëscht.

  • Jobdag + Léierplazendag

    25.09.2018, 06:40

    3x d'Joer organiséiert RTL zesummen mat der Adem an dem Reseau pour le travail humain en Jobdag. Den Jobcenter wiesselt och all Kéiers op eng aner,aner Plaz. Haut fonktionnéiert den Jobdag,, deen och nees mat engem Léierplazendag gekoppelt ass, vun 8 Auer de Moien un am Belval Plaza. A ganz fréi un sinn an dësem Moment schonn d'Patronen déi hier Stänn opriichten.

  • Léierplazen: Coiffeur

    26.04.2018, 17:10

    Et kéint een soen "d'Juegd op déi beschten Léierplazen" ass op. Zum engen geet et jo drëms ze wëssen wéi ee Beräich een interesséiert an da muss een och nach bei deem beschtméiglechen Patron ënnerkommen. d'Raphaelle an de Patrick hunn déi Sich vun där sou villes fir d'Zukunft ofhänkt suivéiert.

  • Léierplazen: mécatronicien, débosseleur, peintre, informaticien, agent administratif

    26.04.2018, 16:40

    Déi bescht Jonk Aarbechter vun haut sollen den Nowuess vu muer inspiréieren. Dat ass d'Iddi vun de Luxskills, den nationale Beruffsmeeschterschaften déi nach bis e Samschdeg am CNFPC zu Esch ofgehale ginn. D'Raphaëlle Dickes, de Loïc Juchem an de Patrick Greis si fir eis op der Plaz an halen de Concours am Aen a vermëttelen an engems Léierplazen. Dës Stonn am Beräich vum Auto

  • Léierplazen: Fliger Mecanicien

    26.04.2018, 15:40

    Op de Luxskills zu Esch ginn den Ament an 11 Beruffssparten déi bescht Nowuess Aarbechter gesicht. Déi dierfen dann am September op d'Weltmeeschterschaften op Budapest. Mir profitéiere vum Concours fir Iech flott Beruffer a fräi Léierplaze virzestellen an dofir schalte mer elo bei de Patrick Greis an d'Raphaëlle Dickes an de CNFPC

  • Léierplazen: agent admin. et commercial, cuisinier, informaticien, vente

    26.04.2018, 14:15

    Beruffer mat Zukunft si gesicht. Um Léierplazendag am CNFPC zu Esch Sommet ginn et der eng Rei, Raphaëlle Dickes a Patrick Greis. Wéi eng proposéiert Dir eis dës Stonn?

  • Léierplazen: vente, technico-commercial

    26.04.2018, 13:10

    Et ass zwar nach fréi am Joer, mee ween fir d'Rentrée eng Léier maache wëll, deet gutt dorunner sech elo schonn ze informéieren a Kontakt mat Betriber opzehuelen. Haut um Léierplazendag op de Luxskills, den nationale Beruffsmeeschterschaften am CNFPC zu Esch Sommet bitt sech dofir eng gutt Geleeënheet. Well et kann ee bal net ze fréi u sinn. Raphaëlle Dickes a Patrick Greis

  • Léierplaz: Coiffeur

    26.04.2018, 12:15

    Zu Esch am CNFPC do ass haut eist Léierplaze Vermëttlungsteam Greis an Dickes um Wierk. Well am Kader vun den nationale Beruffsmeeschter gëtt och Nowuess rekrutéiert. Also do ass de Moien vill Aarbecht

  • Léierplazen: aide-soignants, agents administratifs, apprenti cuisine

    26.04.2018, 11:20

    Ob jonk oder al, ween eng Léier an engem neie Beruff maache wëll, dee fënnt dëser Deeg Inspiratioun zu Esch op de Luxskills. Den Nationale Beruffsmeeschterschaften am CNFPC. Och de Patrick Greis, d'Raphaëlle Dickes an de Loïc Juchem huet et haut dohinner gezunn. Fir Léierplazen ze vermëttelen an de Concours ze suivéieren. Wéi leeft et dann?

  • Léierplazen: agent administratif + commercial, gestionnaire qualifiée en logistique, esthéticien

    26.04.2018, 10:10

    Haut si vill vun de jonke Lycees Schüler net an der Schoul. Mee zu Esch-Sommet op dem Luxskills Concours. Déi national Beruffsmeeschterschaften wou sech déi bescht jonk Handwierker mat enee moossen. Eng gutt Geleeënheet, sech e Bild vu verschiddene Beruffer ze maachen, grad esou wéi den Ausbildungsméiglechkeeten. An de Patrick Greis an d'Raphaëlle Dickes hëllefen Léierplazen ze vermëttelen

  • Léierplaz: Mechatroniker machines et matériel industriel/ techniques de réfrigération/postes de signalisation

    26.04.2018, 09:40

    Déi bescht Viraussetzung fir e gudden Handwierker ze ginn, ass datt ee gär bastelt a knéchelt. Wann Dir Spaass drun hutt, Saachen auserneen ze huelen an nees zesummen ze bauen, Iech e bësse fir Elektronik an Informatik interesséiert, da kënnen d'Raphaëlle Dickes an de Patrick Greis Iech haut um Léierplazendag weiderhëllefen.

  • Léierplaz: Diplôme de Technicien Vente et Gestion/Horlogerie Goeres

    26.04.2018, 08:40

    Wann Dir d'nächst Joer eng Léier wëllt ufänken, da gitt haut onbedéngt an de Centre National de Formation Professionelle Continue op Esch-Lalleng laanscht. Op de Luxskills, den nationale Beruffsmeeschterschafte kënnt Dir jonke Léierbouwen a Meedercher bei der Aarbecht iwwer d'Schëller kucken an Iech berode loossen wéi ee Beruff dee richtege fir Iech kéint sinn. A well de Léierplazendag haut och op Besuch bei Luxskills ass, fannt Dir vläicht souguer schonn e Patron fir Är Ausbildung. Déi zwee bei déi mer elo eriwwer schalten, déi hunn hiren Dram-Job scho fonnt, hëllefen awer gär beim Vermëttelen.